Tour de la Provence: 4. EtappGorka Izagirre wënnt den Tour duerch d'Provence

RTL Lëtzebuerg
An der leschter Etapp setzt sech den John Degenkolb am Massesprint duerch. De Ben Gastauer kënnt op déi 111. Plaz.

Déi 4. Etapp vun Avignon op Aix-en-Provence ass mat engem Massesprint op en Enn gaangen. Do konnt sech den John Degenkolb aus Däitschland virum Simon Clarke aus Australien an dem Anthony Maldonado aus Frankräich duerchsetzen.

Am Generalklassement steet de Gorka Izagirre no 4 Etappen op der éischter Plaz a wënnt soumat den Tour de la Provence virum Simon Clarke aus Australien an dem Tony Gallopin aus Frankräich. De Ben Gastauer steet am Generalklassement mat engem Retard vun 20.35 Minutten op der 89. Plaz.

Back to Top
CIM LOGO