Tour duerch d'AlgarveGroenewegen wënnt 4. Etapp am Sprint

RTL Lëtzebuerg
De Jempy Drucker kënnt nom Massesprint zu Tavira no knapp 200 méi flaache Kilometer op déi 18. Plaz.
© Veloimages

Knapp 200 Kilometer hunn e Samschdeg op d’Coureure gewaart. Et war eng relativ flaach Etapp, sou datt ee mat engem Sprint op de leschte Meter virun der Ligne d’Arrivée zu Tavira rechne konnt. Aus Lëtzebuerger Siicht huet een op dem Jempy Drucker seng Leeschtung dierfe gespaant sinn, zielt de Lëtzebuerger am Peloton dach zu de gudde Sprinter.

Um Enn war hien dann och ënnert den Top-20 dobäi a konnt sech zäitgläich mat dem Gewënner op der 18. Plaz behaapten. Den Dylan Groenewegen konnt de Sprint iwwerdeems gewannen, dat virum Arnaud Démare an dem Jasper Philipsen.

De General gëtt ugefouert vum Tadej Pogacar.

Deen anere Lëtzebuerger am Peloton ass den Alex Kirsch. Hie koum bei der 4. Etapp zäitgläich mat dem Éischten op déi 107. Positioun

D’Klassement vun der 4. Etapp

1 Dylan Groenewegen (Ned) Team Jumbo - Visma
2 Arnaud Démare (Fra) Groupama - FDJ
3 Jasper Philipsen (Bel) UAE Team Emirates
4 Pascal Ackermann (GER) Bora - Hansgrohe
5 Simone Consonni (Ita) UAE Team Emirates
6 Jasper De Buyst (Bel) Lotto Soudal
7 Timothy Dupont (Bel) Wanty - Gobert Cycling Team
8 Jens Debusschere (Bel) Team Katusha Alpecin
9 Mike Teunissen (Ned) Team Jumbo - Visma
10 Jon Aberasturi Izaga (Esp) Caja Rural - Seguros RGA
...
18 Jean-Pierre Drucker (Lux) Bora - Hansgrohe
...
107 Alex Kirsch (Lux) Trek - Segafredo

De General

1 Tadej Pogacar (Slo) UAE Team Emirates 15:12:28
2 Søren Kragh Andersen (Den) Team Sunweb 0:00:29
3 Wout Poels (Ned) Team Sky 0:00:30
4 Enric Mas Nicolau (Esp) Deceuninck - Quick Step 0:00:31
5 David De La Cruz Melgarejo (Esp) Team Sky 0:00:57
6 Sam Oomen (Ned) Team Sunweb 0:01:08
7 Zdenek Štybar (Cze) Deceuninck - Quick Step 0:02:12
8 Neilson Powless (USA) Team Jumbo - Visma 0:02:13
9 Marc Hirschi (SUI) Team Sunweb 0:02:35
10 Amaro Antunes (Por) CCC Team 0:02:36
...
34 Jean-Pierre Drucker (Lux) Bora - Hansgrohe 0:07:19
...
102 Alex Kirsch (Lux) Trek - Segafredo 0:24:43

Back to Top
CIM LOGO