
Déi éischt Etapp iwwer 129 Kilometer gouf vum Italiener Elia Viviani gewonnen, virum Däitsche Max Walscheid. Duerch déi extrem Hëtzt war de Parcours ëm gutt dräi Kilometer verkierzt ginn.
D’Course duerch de Bundesstaat South Australia geet iwwer 6 Etappen an dauert bis e Méindeg. Zu de Favoritte gehéieren de Peter Sagan, de Richie Porte, de Caleb Ewan an de Vainqueur vum leschte Joer Daryl Impey.