
Op der 5. Etapp am Tour Down Under goung et e Samschdeg iwwer 149 Kilometer vun Glenelg op Stathalbyn. Op der flaacher Etapp ass d’Decisioun am Massesprint gefall an hei hat de Belsch Jasper Philipsen déi séierste Been. Op d’Plazen zwee an dräi sinn de Peter Sagan an den Danny van Poppel gefuer.
Leader am General ass de Patrick Bevin aus Neiséiland. Hien huet e Virsprong vu 7 Sekonnen op den Daryl Impey aus Südafrika an der 16 op de Luis Leon Sanchez aus Spuenien.