
De Fabio Jakobsen huet e Mëttwoch déi 1. Etapp vum Tour duerch d’Algarve am Sprint no 199 Kilometer zu Lagos gewonnen an ass domadder och de Leader. Den Hollänner huet sech am Sprint virum Fransous Arnaud Demare an dem Däitsche Pascal Ackermann behaapt.
De Jempy Drucker, dee fir den Ackermann de Sprint ugezunn huet, ass um Enn als 25. op 11 Sekonnen iwwert d’Arrivée gefuer an den Alex Kirsch huet als 53. 1 Minutt an 9 Sekonne verluer.
Eng 7 Kilometer virun der Arrivée war et vir am Peloton zu enger gréisserer Chute komm. Ënnert anerem ass den Däitschen John Degenkolb do och gefall.
1. JAKOBSEN Fabio (DECEUNINCK - QUICK - STEP) 4:52:59
2. DEMARE Arnaud (GROUPAMA - FDJ) 0:00:00
3. ACKERMANN Pascal (BORA - HANSGROHE) 0:00:00
4. CONSONNI Simone (UAE TEAM EMIRATES) 0:00:00
5. DE BUYST Jasper (LOTTO SOUDAL) 0:00:00
6. KRAGH ANDERSEN Søren (TEAM SUNWEB) 0:00:00
7. THEUNS Edward (TREK - SEGAFREDO) 0:00:00
8. ABERASTURI IZAGA Jon (CAJA RURAL - SEGUROS RGA) 0:00:00
9. LAPORTE Christophe (COFIDIS) 0:00:00
10. POWLESS Neilson (TEAM JUMBO - VISMA) 0:00:00
...
25. DRUCKER Jean-Pierre (BORA - HANSGROHE) 0:00:11
...
53. KIRSCH Alex (TREK - SEGAFREDO) 0:01:09