E Sonndeg de Mëtteg geet de Sören Nissen um 15.15 Auer zu Brouch als Titelverdeedeger an d’Course vun der Elite. D’lescht Joer hat de gebiertegen Dän sech direkt bei senger éischter Participatioun de Championstitel geséchert. Den Nissen ass kee Spezialist am Cyclocross an hëlt dës Courssen als Preparatioun op d’Mountainbike-Saison. Hien zielt sech e Sonndeg zu Brouch net zu de Favoritten, d’Streck huet fir säi Geschmaach ze vill Kéieren. Ofschreiwen dierf een de Sören Nissen awer op kee Fall.

Kuckt een de Verlaf vun der ganzer Saison dierft de Vincent Dias dos Santos de grousse Favorit op den Titel sinn. Den Téitenger huet dës Saison 5 Coursse gewonnen an ass de Leader am Skoda Cross Cup. Nodeems hien an de leschte Joren och ëmmer zu de Favoritte gezielt huet an dëst net ëmsetze konnt, ass et da villäicht dëst Joer u senger Rei. D’Streck mat de ville Kéiere dierft dem Vincent Dias dos Santos leien an och déi néideg Sprëtzegkeet sollt den Téitenger hunn.
Dem Vincent Dias dos Santos seng gréisste Konkurrenten e Sonndeg dierften de Gusty Bauch an de Scott Thiltges sinn. Viru senger Hausdier wëllt den 38 Joer ale Routinier nach eng Kéier ugräifen, d’Streck dierft passen, ass se dach perfekt op seng Stäerkten ofgestëmmt. De Scott Thiltges wëllt fir säin Deel gären de rout-wäiss-bloen-Trikot zeréckerueweren. No sengen dräi Victoiren am Dezember ass och mat gudden Techniker ze rechnen.
Net vergiessen däerf een awer och e Lex Reichling oder e Massimo Morabito. Och si kënnen op de Podium fueren.
Bei den Espoiren geet de Felix Schreiber als Titelverdeedeger an d’Course. Seng gréisste Konkurrente sinn de Misch Leyder an den Nicolas Kess.