Bei Equipo Kern PharmaLëtzebuerger Mats Wenzel ënnerschreift Profikontrakt

RTL Lëtzebuerg
De Mats Wenzel ënnerschreift säin éischte Profikontrakt an der spuenescher Equipo Kern Pharma.

Déi spuenesch Formatioun aus der zweeter Divisioun, fir déi de Lëtzebuerger an Zukunft wäert fueren, hat an der leschter Vuelta dräi Etappe gewonnen. De Mats Wenzel hat dëst Joer duerch gutt Resultater op sech opmierksam gemaach a war leschte Weekend bei der Europameeschterschaft an der Espoirskategorie op déi excellente véiert Plaz gefuer. Och an de bedeitenden Etappecoursse wéi den Tour de l’Avenir an dem Baby-Giro hat de Lëtzebuerger mat enger 9. an enger 8. Plaz am Generalklassement iwwerzeegt.

Am Interview weist de Mats Wenzel sech virum Optakt vum Skoda Tour de Luxembourg ganz zefridden iwwert dëse Wiessel vun der Nowuessekipp vu Lidl-Trek bei d’Spuenier.

De Mats Wenzel um Mikro vum Tom Flammang
De Lëtzebuerger iwwert säi neie Profikontrakt bei der spuenescher Ekipp Equipo Kern Pharma.

Am TDL fiert de Mats Wenzel fir d’Lëtzebuerger Nationalekipp, an där de Bob Jungels de Kapitän wäert sinn. Den 21 Joer jonke Coureur hat dat lescht Joer de Biergpräis am Tour de Luxembourg gewonnen.

Link: D’Schreiwes vun der Ekipo Kern Pharma (op Spuenesch)

Back to Top
CIM LOGO