International ReaktiounenKee Versteesdemech fir d'Urteel géint d'Marie Schreiber

RTL Lëtzebuerg
D'Reaktiounen no der Zréckstufung vum Marie Schreiber sinn zimmlech eendeiteg ausgefall. E Resumé vun den internationale Commentairen.
D'Marie Schreiber no der enker Course an Holland, déi e kontroverst Enn sollt hunn.
© Hugo Barthélemy

Et war déi sportlech Kontrovers vum Weekend. D'Marie Schreiber huet am Sprint d'Course vun der Cyclocross-EM an Holland fir sech decidéiert. No der Course gouf d'Lëtzebuergerin awer vum Jury op déi zweet Plaz zréckgestuuft, well si hir Konkurrentin Lucinda Brand entscheedend soll gehënnert hunn.

Béid Sportlerinne waren dono der Meenung, dass alles propper war an d'Hollännerin hat op e Protest verzicht. De Jury hat dat bekanntlech anescht gesinn an esou sinn d'Wellen héich geschloen an den internationale Medien.

Reaktiounen aus aller Welt

Bei der RTBF gëtt gefuerdert, dass de President vum Jury sech erkläert:

Och d'Équipe huet d'Thema opgegraff:

Op der Facebooksäit vun der Union Européenne du Cyclisme UEC ass just en Interview mam Lucinda Brand ze fannen:

Dat belscht Nieuwsblad Sport huet no der Course kee Gléckleche gesinn:

Op der offizieller Säit vun der Cyclocross-EM geet ee guer net op d'Reklassement an:

Fir déi hollännesch Sportnieuws war et eng "bizar" Entwécklung:

E Méindeg ass den RTL-Sportchef Tom Flammang an der Mëttesstonn um Radio nach emol op déi ganz Affär agaangen an huet Detailer zum Oflaf hannert de Kulisse genannt . D'Marie Schreiber beschreift dobäi och, wéi si et op der Plaz selwer erlieft huet. D'Lëtzebuerger Federatioun huet iwwerdeems Protest ageluecht.

Affär Marie Schreiber Cyclocross-EM - Reportage Tom Flammang

Liest dozou och:

Back to Top
CIM LOGO