Bei der Cyclocross-EM zu Zeddam war d'Marie Schreiber e Samschdeg als Éischt iwwer d'Arrivée gefuer. Wéinst engem Manöver am Schlusssprint gouf d'Lëtzebuergerin allerdéngs nodréiglech op déi zweet Plaz reklasséiert. Den Titel goung un d'Hollännerin Lucinda Brand.
"Eigentlech geet et mer ganz gutt", seet d'Marie Schreiber am Studio dem Jeff Kettenmeyer am Interview, dat een Dag no der Course. Wéi si awer am Studio d'Biller vun der Course nach eng Kéier gesinn huet, sinn d'Emotiounen nach eng Kéier héich komm.
Déi éischt Zweiwel koumen, wéi d'Marie Schreiber op den Interview no der Course huet misse waarden. An engem Gespréich hätt si opgegraff, datt nach eng Decisioun vun de Kommissäre misst ofgewaart ginn. Déi zwou Sportlerinnen, déi ëm d'Victoire gesprint hunn, sinn och bei d'Jury geruff ginn, esou d'Marie Schreiber am Interview.
D'Gespréich mat der Jury beschreift d'Lëtzebuergerin als frustréierend. Et wier net richteg zu Wuert komm an si hätt d'Gefill gehat, net ausschwätzen ze dierfen. Dobäi hätt d'Lucinda Brand selwer erkläert, datt et souwisou net méi laanschtkomm wier an de Sprint fir hatt propper gewiescht wier. Dem Marie Schreiber no hat d'Hollännerin och kee Protest ageluecht. De Chef vun de Kommissäre wier trotzdeem bei senger Decisioun bliwwen.
D'Lëtzebuerger Federatioun hätt och Protest ageluecht, ma ob dat eppes brénge géif, konnt d’Marie Schreiber net soen.
Bei all den Diskussiounen, ass déi sportlech Leeschtung an den Hannergrond geroden. Op Nofro erkläert d'Lëtzebuerger Championne: “Ech sinn, menger Meenung no, déi bescht Course gefuer, déi ech jee gefuer sinn.“
Vum Depart un hätt si e gutt Gefill gehat. Op esou engem Niveau ëm d'Victoire matzefueren, géif enorm vill Confiance fir d'Zukunft ginn. Genee doru wëll d'Marie Schreiber elo festhalen: “Ech ka stolz sinn op dat, wat ech gemaach hunn.“