
Um Samschdeg stoung d’Clásica San Sebastián iwwer 236 Kilometer um Programm.
Nodeems de Marc Hirschi (UAE Team Emirates) an de Julian Alaphilippe (Soudal - Quick-Step) sech an der Schlussphas ofgesat haten, konnt den Hirschi sech géint de Fransous am Sprint duerchsetzen. Mat engem Retard vu 7 Sekonnen huet de Belsch Lennert Van Eetvelt (Lotto – Dstny) de Podium komplettéiert. De Michel Ries (ARKEA-B&B HOTELS) war och um Depart, ass d’Course awer net op en Enn gefuer.
1 HIRSCHI Marc UAE Team Emirates 5:46:12
2 ALAPHILIPPE Julian Soudal Quick-Step ,,
3 VAN EETVELT Lennert Lotto Dstny +0:07
4 VERMAERKE Kevin Team dsm-firmenich PostNL +0:17
5 NARVÁEZ Jhonatan INEOS Grenadiers +0:25
6 POWLESS Neilson EF Education - EasyPost ,,
7 KONRAD Patrick Lidl - Trek ,,
8 WOODS Michael Israel - Premier Tech ,,
9 CHRISTEN Jan UAE Team Emirates +0:36
10 MCNULTY Brandon UAE Team Emirates +0:37