Tour duerch KolumbienMiguel Angel Lopez wënnt, Bob Jungels gëtt den 28.

RTL Lëtzebuerg
Op der leschter Etapp huet sech den Nairo Quintana virum Ivan Sosa an dem Tour-Gewënner Miguel Angel Lopez duerchgesat.
© AFP

E Sonndeg gouf déi leschten Etapp vum Tour duerch Kolumbien gefuer. Iwwer hiwweleg 173 Kilometer goung et vun El Retiro op Alto Las Palmas. An der Schlussmontée war den Nairo Quintana dee Beschten. Hie konnt sech mat engem Virsprong vun 8 Sekonnen op den Ivan Sosa an de Miguel Angel Lopez duerchsetzen.

De Miguel Angel Lopez huet sech duerch seng drëtte Plaz op der leschter Etapp d’Schlussvictoire geséchert.

De Bob Jungels konnt op der leschter schwéier Etapp zum Schluss net méi mat deene Beschte mathalen an huet als 57. 7 Minutten a 27 Sekonne verluer. Um Enn kënnt de Lëtzebuerger Champion op déi 28. Plaz am General an dat mat engem Retard vu 7 Minutten an 53 Sekonnen.

De Bob Jungels hat séi 4. Etapp gewonnen a war duerno een Dag am Leadertrikot.

D’Klassement vun der 6. Etapp

1 Nairo Alexander Quintana Rojas (Col) Movistar Team 3:57:19
2 Ivan Ramiro Sosa Cuervo (Col) Team Sky 0:00:08
3 Miguel Angel Lopez Moreno (Col) Astana Pro Team 0:00:08
4 Egan Arley Bernal Gomez (Col) Team Sky 0:00:16
5 Rigoberto Uran (Col) EF Education First 0:01:01
6 Daniel Felipe Martinez Poveda (Col) EF Education First 0:01:01
7 Jhojan Orlando Garcia Sosa (Col) Manzana - Postobon Team 0:01:27
8 Didier Alonso Chaparro Lopez (Col) Equipo Continental Orgullo Paisa 0:01:32
9 Sergio Luis Henao Montoya (Col) UAE Team Emirates 0:01:36
10 Jhonatan Manuel Narvaez Prado (Ecu) Team Sky 0:01:40
...
57 Bob Jungels (Lux) Deceuninck - Quick Step 0:07:27

D’Schlussklassement


...

Back to Top
CIM LOGO