D’Christine Majerus war ganz motivéiert an d’Course gestart mee huet schonn direkt an der éischter Ronn missen d’Favoritten zéie loossen an huet an de Ronnen dono ëmmer weider Zäit verluer. An de leschten 2 Ronnen ass d’Lëtzebuergerin nach vun der 9. op déi 13. Plaz zeréck gefall a koum mat engem Réckstand vun 2 Minutten an 8 Sekonnen op d’Arrivée. Domadder konnt si hir Leeschtung vum leschte Joer, wou et déi 4. Plaz zu Valkenburg gouf, net widderhuelen.
D’Course gewannen, wéi schonn déi lescht 2 Joren, konnt d’Sanne Cant aus der Belsch. Op déi 2. Plaz koum d’Hollännerin Lucinda Brand mat engem Retard vu 9 Sekonnen. 3. gouf dem Brand seng Landsfra Marianne Vos op 15 Sekonnen.

Bei den Espoiren huet den Thomas Pidcock d’Course op der Cyclocross-WM zu Bogense an Dänemark e Samschdeg de Mëtteg souverän gewonnen. De Brit hat um Enn e Virsprong vu 15 Sekonnen op de Belsch Eli Iserbyt, hien hat d’lescht Joer de WM-Titel gewonnen. Um Podium stoung nach de Fransous Antoine Benoist mat engem Retard vun 23 Sekonnen. Beschte Lëtzebuerger gëtt de Champion Nicolas Kess. Hien hat als 31. e Réckstand vun 3 Minutten a 25 Sekonnen. De Felix Schreiber ass als 38. op 3 Minutten an 51 Sekonnen iwwert de wäisse Stréch gefuer.
De Brit Ben Tulett huet e Samschdeg säi Weltmeeschtertitel bei de Junioren verdeedegt. Bis elo war dat nëmmen dem Hollänner Mathieu van der Poel gegléckt. Um Podium stoungen nach déi zwee Belsch Witse Meeussen an de Ryan Cortjens. Si haten e Réckstand vun 20 respektiv 27 Sekonnen. Beschte Lëtzebuerger gëtt de Loïc Bettendorff als 45. op 3 Minutten a 47 Sekonnen. Den Tom Paquet huet sech als 50. klasséiert an de Mik Esser als 58..