Tour Down UnderSchlussvictoire fir de Südafrikaner Daryl Impey

RTL Lëtzebuerg
Op der leschter Etapp konnt sech de Richie Porte e Sonndeg de Moien eiser Zäit duerchsetzen.
© AFP

E Sonndeg goung et op der 6. a leschter Etapp vum Tour Down Under iwwer hiwweleg 151 Kilometer vun McLaren Vale op Willunga Hill. Den Australier Richie Porte konnt sech zum Schluss knapp virum Wout Poels aus Holland an dem Daryl Impey aus Südafrika duerchsetzen.

D’Schlussvictoire ass um Enn fir den Daryl Impey. Mat engem Réckstand vun 13 Sekonne gëtt de Richie Porte den Zweeten an déi drëtte Plaz ass fir de Wout Poels op 17 Sekonnen.

Schlussklassement:

1 Daryl Impey (RSA) Mitchelton - Scott 20:30:42
2 Richie Porte (Aus) Trek - Segafredo 0:00:13
3 Wout Poels (Ned) Team Sky 0:00:17
4 Luis León Sanchez (Esp) Astana Pro Team 0:00:19
5 Rohan Dennis (Aus) Bahrain - Merida 0:00:26
6 Christopher Hamilton (Aus) Team Sunweb 0:00:33
7 Michael Woods (Can) Team EF Education First 0:00:38
8 Ruben Guerreiro (Por) Team Katusha - Alpecin 0:00:40
9 Diego Ulissi (Ita) UAE Team Emirates 0:00:40
10 Dries Devenyns (Bel) Deceuninck - Quick Step 0:00:40

Back to Top
CIM LOGO