Vëlo-EM a SlowenienSchwäizer Victoire fir d'Mara Winter bei den U23 Fraen

Tom Flammang
Mat engem Retard vun 1 Minutt an 42 Sekonnen ass d'Liv Wenzel op déi gutt 19. Plaz gefuer.
Nienke Vinke (NL), Mara Winter(CH), Viktória Chladonová (SLO)
Nienke Vinke (NL), Mara Winter(CH), Viktória Chladonová (SLO)
© DAVID PINTENS/Belga via AFP

Um Freideg de Moie war den Optakt vun den Europameeschterschaften am Vëlosport a Slowenien. An der Course vun den U23-Damme gouf et eng Victoire fir d'Schwäizerin Mara Winter. Si war am Sprint aus enger Echappée vu véier Frae méi séier wéi d'Hollännerin Nienke Vinke. Déi 3. Plaz war fir déi slowakesch Weltmeeschterin Viktoria Chladonova. Mat engem Retard vun 1 Minutt an 42 Sekonnen ass d'Liv Wenzel op déi gutt 19. Plaz gefuer. D'Gwen Nothum hat als 24. e Retard vun 3 Minutten a 6 Sekonnen. D'Layla Barthels ass an engem Grupp op 15 Minutten a 5 Sekonnen ukomm an gouf net méi klasséiert. Vun de 75 Dammen um Depart sinn der nëmmen 48 klasséiert ginn.

No der Course huet d`FSCL en Interview mam Liv Wenzel gemaach.

Liv Wenzel am Interview no der EM vun den U23
D`Liv Wenzel ass op der EM am Vëlosport a Slowenien 2026 op déi 19. Plaz gefuer

Mir si vun Ufank u relativ séier gefuer wëll et eng kuerz Course war. Déi grouss Ekippen hunn net gewaart bis zum Schluss. An der Mëtt vun der Course hat ech e bësse Problemer, konnt mech awer an engem Grupp upaken an um Enn op déi 19. Plaz sprinten.

D'Course ass iwwer véier Tier vun 22,1 Kilometer gaangen. Déi 20 Joer jonk Winter war op der Weltmeeschterschaft a Kanada schonn op déi 4. Plaz gefuer.

De Freideg de Mëtteg steet d'Course vun den U23-Männer um Programm. De Mil Morang, Flavio Astolfi, Yannis Lang an den Alex Kerrens ginn um 13:30 Auer un den Depart vun der Course iwwer 142 Kilometer.

Back to Top
CIM LOGO