Tour duerch d'AlgarveSlowen Tadej Pogacar wënnt 2. Etapp

RTL Lëtzebuerg
Am Tour duerch d'Algarve huet de Jempy Drucker en Donneschdeg op der Biergetapp knapp 6 Minutten an den Alex Kirsch iwwer 22 Minutte verluer.
© RTL Télé Lëtzebuerg

Op der 2. Etapp am Tour duerch d’Algarve huet en Donneschdeg eng schwéier Biergetapp iwwer187 Kilometer vun lmodôvar op Fóia op d’Coureure gewaart. Um Enn konnte sech den Tadej Pogacar behaapten. De Slowen hat e Virsprong vun 1 Sekonn op de Wout Poels aus Holland an 3 Sekonnen op den Enric Mas aus Spuenien.

De Jempy Drucker huet um Donneschdeg als 47. 5 Minutt a 49 Sekonne verluer. Den Alex Kirsch ass am leschte grousse Grupp als 135. op 22 Minutten a 15 Sekonnen ukomm.

Am General läit elo den Tadej Pogacar a Féierung. Hien huet e Virsprong vun 1 Sekonn op de Wouts Poels. De Jempy Drucker ass de 35. op genee 6 Minutten an den Alex Kirsch ass den 118. op 23 Minutten an 20 Sekonnen.

D’Klassement vun der Etapp

1 Tadej Pogacar (Slo) UAE Team Emirates 4:58:25
2 Wout Poels (Ned) Team Sky 0:00:01
3 Enric Mas Nicolau (Esp) Deceuninck - Quick Step 0:00:03
4 Sam Oomen (Ned) Team Sunweb 0:00:05
5 Amaro Antunes (Por) CCC Team 0:00:07
6 David De La Cruz Melgarejo (Esp) Team Sky 0:00:21
7 João Rodrigues (Por) W52 - FC Porto 0:00:24
8 Simone Petilli (Ita) UAE Team Emirates 0:00:27
9 José Herrada (Esp) Cofidis Solutions Crédits 0:00:27
10 Michael Valgren Andersen (Den) Team Dimension Data 0:00:49
...
47 Jean-Pierre Drucker (Lux) Bora - Hansgrohe 0:05:49
...
135 Alex Kirsch (Lux) Trek - Segafredo 0:22:15

De General

1 Tadej Pogacar (Slo) UAE Team Emirates 9:51:24
2 Wout Poels (Ned) Team Sky 0:00:01
3 Enric Mas Nicolau (Esp) Deceuninck - Quick Step 0:00:03
4 Sam Oomen (Ned) Team Sunweb 0:00:05
5 David De La Cruz Melgarejo (Esp) Team Sky 0:00:21
6 Søren Kragh Andersen (Den) Team Sunweb 0:00:51
7 João Rodrigues (Por) W52 - FC Porto 0:01:29
8 Amaro Antunes (Por) CCC Team 0:01:42
9 Neilson Powless (USA) Team Jumbo - Visma 0:01:46
10 Marc Hirschi (SUI) Team Sunweb 0:01:46
...
35 Jean-Pierre Drucker (Lux) Bora - Hansgrohe 0:06:00
...
118 Alex Kirsch (Lux) Trek - Segafredo 0:23:20

Back to Top
CIM LOGO