
Hat de Sören Nissen mat sengem Equipier Cory Wallace aus Kanada d’Etapp um Freideg nach kënne fir sech entscheeden, huet hie bei der Course um Samschdeg Zäit verluer. Ma d’Avance op d’Konkurrente war awer esou grouss, datt hien am General op der éischter Plaz bliwwen ass a sech esou um Enn mam Kanadier d’Gesamtvictoire séchere konnt.