
Op der véierter Etapp vun der Lotto Thüringen Ladies Tour gouf et eng Victoire am Sprint fir d’Hollänerin Lucinda Brand. Si huet sech no 111 Kilometer virun hire Landsfraen Karlijn Swinkels a Mischa Bredewold behaapt.
Als bescht Lëtzebuergerin huet sech d’Nina Berton als 30. op 2 Minutten an 12 Sekonne klasséiert. D’Christine Majerus an d’Marie Schreiber haten als 32. respektiv 35. e Réckstand vun 3 Minutten a 16 Sekonnen.
Am General bleift weiderhin d’Belsch Margot Vanpachtenbeke a Féierung. Si huet eng Avance vu 4 Sekonnen op d’US-Amerikanerin Ruth Edwards. Op der drëtter Plaz läit d’Hollännerin Micha Bredewold. Si huet e Retard vun 2 Minutten a 34 Sekonnen.
D’Christine Majerus läit am General op Plaz 29 mat engem Retard vu 6 Minutten a 4 Sekonnen. D’Marie Schreiber ass déi 31. op 6 Minutten a 17 Sekonnen an d’Nina Berton ass déi 32. op 7 Minutten an 3 Sekonnen.
D’Etappecourse geet nach bis e Sonndeg.
1 BRAND Lucinda Lidl - Trek 2:54:07
2 SWINKELS Karlijn UAE Team ADQ ,,
3 BREDEWOLD Mischa Team SD Worx - Protime ,,
4 DRONOVA-BALABOLINA Tamara Roland ,,
5 LACH Marta CERATIZIT-WNT Pro Cycling Team ,,
6 EDWARDS Ruth Human Powered Health ,,
7 SCHWEINBERGER Christina Fenix-Deceuninck ,,
8 BORGHESI Letizia EF Education-Cannondale ,,
9 KRAAK Amber Netherlands ,,
10 ALONSO Sandra CERATIZIT-WNT Pro Cycling Team ,,
...
30 BERTON Nina CERATIZIT-WNT Pro Cycling Team 2:12
32 MAJERUS Christine Team SD Worx - Protime 3:16
35 SCHREIBER Marie Team SD Worx - Protime ,,
1 VANPACHTENBEKE Margot VolkerWessels Women’s Pro Cycling Team 12:34:38
2 EDWARDS Ruth Human Powered Health 0:04
3 BREDEWOLD Mischa Team SD Worx - Protime 2:34
4 SWINKELS Karlijn UAE Team ADQ 2:36
5 BRAND Lucinda Lidl - Trek 2:38
6 LACH Marta CERATIZIT-WNT Pro Cycling Team 2:44
7 NIEWIADOMA Katarzyna Canyon//SRAM Racing ,,
8 JANSEN Eline VolkerWessels Women’s Pro Cycling Team 2:48
9 BORGHESI Letizia EF Education-Cannondale ,,
10 SCHWEINBERGER Christina Fenix-Deceuninck ,,
...
29 MAJERUS Christine Team SD Worx - Protime 6:04
31 SCHREIBER Marie Team SD Worx - Protime 6:17
32 BERTON Nina CERATIZIT-WNT Pro Cycling Team 7:03