Tour duerch d'AlgarveStefan Küng mat der beschter Zäit am Contre-la-montre

RTL Lëtzebuerg
Den Alex Kirsch an de Jempy Drucker sinn op der zweeter Etapp op d'Plaze 44 a 46 gefuer. Leader am General bleift den Tadej Pogacar.
© AFP (Archiv)

E Freideg stoung op der zweeter Etapp am Tour duerch d’Algarve een Zäitfueren iwwer 20 Kilometer um Programm. De Schwäizer Stefan Küng war hei dee Séiersten. De Coureur vu Groupama-FDJ hat e Virsprong vun 2 Sekonnen op den Dän Sören Kragh Andersen. Déi drëtte Plaz war fir de Belsch Yves Lampaert.

Den Alex Kirsch huet e Freideg als 44. 1 Minutt a 40 Sekonne verluer an de Jempy Drucker hat als 46. e Réckstand vun 1 Minutt an 43 Sekonnen.

Am General bleift nom zweeten Dag de Slowen Tadej Pogacar a Féierung. De Jempy Drucker ass de 35. op 7 Minutten a 26 Sekonnen an den Alex Kirsch läit op der 102. Plaz an huet ee Retard vun 24 Minutten an 43 Sekonnen.

D’Klassement vun der 2. Etapp

1 Stefan Küng (SUI) Groupama - FDJ 0:24:33,224
2 Søren Kragh Andersen (Den) Team Sunweb 0:00:02,448
3 Yves Lampaert (Bel) Deceuninck - Quick Step 0:00:05,193
4 Ryan Mullen (Irl) Trek - Segafredo 0:00:08,217
5 Tadej Pogacar (Slo) UAE Team Emirates 0:00:17,196
6 Arnaud Démare (Fra) Groupama - FDJ 0:00:31,680
7 Mads Pedersen (Den) Trek - Segafredo 0:00:36,048
8 Tao Geoghegan Hart (GBr) Team Sky 0:00:36,192
9 Nils Politt (GER) Team Katusha Alpecin 0:00:42,108
10 Zdenek Štybar (Cze) Deceuninck - Quick Step 0:00:43,280
...
44 Alex Kirsch (Lux) Trek - Segafredo 0:01:40,541
...
46 Jean-Pierre Drucker (Lux) Bora - Hansgrohe 0:01:43,255

De General

1 Tadej Pogacar (Slo) UAE Team Emirates 10:16:14
2 Enric Mas Nicolau (Esp) Deceuninck - Quick Step 0:00:31
3 Søren Kragh Andersen (Den) Team Sunweb 0:00:36
4 Wout Poels (Ned) Team Sky 0:00:37
5 David De La Cruz Melgarejo (Esp) Team Sky 0:00:57
6 Sam Oomen (Ned) Team Sunweb 0:01:08
7 Zdenek Štybar (Cze) Deceuninck - Quick Step 0:02:12
8 Neilson Powless (USA) Team Jumbo - Visma 0:02:13
9 Marc Hirschi (SUI) Team Sunweb 0:02:35
10 Amaro Antunes (Por) CCC Team 0:02:43
...
35 Jean-Pierre Drucker (Lux) Bora - Hansgrohe 0:07:26
...
102 Alex Kirsch (Lux) Trek - Segafredo 0:24:43

Back to Top
CIM LOGO