Tour duerch d'AlgarveStybar wënnt déi lescht a 5. Etapp

RTL Lëtzebuerg
Um Sonndeg gouf déi 5. Etapp vun der Tour duerch d'Algarve gefuer an dëst war och déi lescht. Den Tadej Pogacar wënnt de General.

Et war eng hiwweleg Etapp déi iwwert 173,5 km vu Faro op Malhao gefouert huet. Hei konnt sech schlussëndlech den Tschech Zdenek Stybar (Quick-Step) virum Soren Kragh Andersen (Sunweb) an dem Wout Poels (Sky) duerchsetzen.
Mat engem Retard vu 16 Minutten an 52 Sekonnen koum de Jempy Drucker op déi 99. Plaz an den Alex Kirsch gouf den 108. mat engem Retard vun 17 Minutten an 11 Sekonnen.

De General gewënnt de Slowen Tadej Pogacar (UAE) virum Soren Kragh Andersen an dem Wout Poels. De Jempy Drucker gëtt de 55. op 23 Minutten an 23 Sekonnen an den Alex Kirsch kënnt op déi 99. Plaz mat 41 Minutten a 36 Sekonnen Retard.

Klassement 5. Etapp

1 Zdenek Štybar (Cze) Deceuninck - Quick Step 4:13:48
2 Søren Kragh Andersen (Den) Team Sunweb 0:00:03
3 Wout Poels (Ned) Team Sky 0:00:09
4 Enric Mas Nicolau (Esp) Deceuninck - Quick Step 0:00:12
5 Stephen Cummings (GBr) Team Dimension Data 0:00:17
6 Tadej Pogacar (Slo) UAE Team Emirates 0:00:18
7 João Rodrigues (Por) W52 - FC Porto 0:00:24
8 Sam Oomen (Ned) Team Sunweb 0:00:30
9 Tao Geoghegan Hart (GBr) Team Sky 0:00:31
10 Amaro Antunes (Por) CCC Team 0:00:34
.
99 Jean-Pierre Drucker (Lux) Bora - Hansgrohe 0:16:52
.
108 Alex Kirsch (Lux) Trek - Segafredo 0:17:11

Generalklassement

1 Tadej Pogacar (Slo) UAE Team Emirates 19:26:34
2 Søren Kragh Andersen (Den) Team Sunweb 0:00:14
3 Wout Poels (Ned) Team Sky 0:00:21
4 Enric Mas Nicolau (Esp) Deceuninck - Quick Step 0:00:25
5 Sam Oomen (Ned) Team Sunweb 0:01:40
6 Zdenek Štybar (Cze) Deceuninck - Quick Step 0:01:54
7 Neilson Powless (USA) Team Jumbo - Visma 0:02:50
8 Amaro Antunes (Por) CCC Team 0:02:52
9 João Rodrigues (Por) W52 - FC Porto 0:03:27
10 Simon Špilak (Slo) Team Katusha Alpecin 0:03:47
.
55 Jean-Pierre Drucker (Lux) Bora - Hansgrohe 0:23:53
.
99 Alex Kirsch (Lux) Trek - Segafredo 0:41:36

Back to Top
CIM LOGO