
Um Samschdeg goung et iwwer 101,9 Kilometer vu Chippis op Vercorin an et stoung eng schwéier Schlussmontée um Programm.
An där hu sech d’Teamkolleeginne vum Christine Majerus Demi Vollering a Lotte Kopecky näischt geschenkt. Um Enn konnt sech d’Vollering knapp virum Kopecky behaapten. De Podium gouf vum Gaia Realini (Lidl-Trek) komplettéiert. D’Italieenerin koum mat engem Retard vu 34 Sekonnen op d’Gewënnerin un. D’Christine Majerus koum mat engem Réckstand vu 7 Minutten a 50 Sekonnen op déi 50. Plaz. D’Nina Perton ass op der 87. Plaz iwwer d’Arrivée gefuer.
Am General ass d’Kopecky op der 1. Plaz mat enger knapper Avance vun 2 Sekonnen op d’Vollering. Majerus a Berton leien do op de Plazen 53 an 89.
1 VOLLERING Demi Team SD Worx - Protime 2:50:17
2 KOPECKY Lotte Team SD Worx - Protime ,,
3 REALINI Gaia Lidl - Trek +0:34
4 GARCÍA Mavi Liv AlUla Jayco +0:49
5 LABOUS Juliette Team dsm-firmenich PostNL +0:54
6 FISHER-BLACK Niamh Team SD Worx - Protime +1:02
7 GIGANTE Sarah AG Insurance - Soudal Team +1:06
8 MOOLMAN Ashleigh AG Insurance - Soudal Team +1:16
9 DE SCHEPPER Lore AG Insurance - Soudal Team +1:22
10 KERBAOL Cédrine CERATIZIT-WNT Pro Cycling Team +1:27
...
50 MAJERUS Christine Team SD Worx - Protime +7:50
87 BERTON Nina CERATIZIT-WNT Pro Cycling Team +13:29
1 KOPECKY Lotte Team SD Worx - Protime 6:19:20
2 VOLLERING Demi Team SD Worx - Protime +0:02
3 REALINI Gaia Lidl - Trek +0:42
4 GARCÍA Mavi Liv AlUla Jayco +1:01
5 LABOUS Juliette Team dsm-firmenich PostNL +1:06
...
53 MAJERUS Christine Team SD Worx - Protime +9:38
89 BERTON Nina CERATIZIT-WNT Pro Cycling Team +29:59