Bei der Elite geet den Titel dëst Joer un de Vincent Dias dos Santos. Hien hat sech am zweeten Tour ofgesat an huet Tour fir Tour seng Avance ëmmer méi ausgebaut. Den Téitenger wënnt domat säin éischten Titel, dat virum Gusty Bausch an dem Scott Thiltges. Déi véiert Plaz ass fir de Lex Reichling. De Sören Nissen, de Champion vun 2018, hat näischt mam Ausgang vun der Course ze dinn a war no engem schwaachen Depart scho fréi an der Course wäit no hannen zeréckgefall.
FOTOGALERIE: Andréck vum Roland Miny op pressphoto.rtl.lu.