
D’Martina Fidanza huet en Donneschdeg déi 3. Etapp vun der Lotto Thüringen Ladies Tour am Massesprint gewonnen. D’Italienerin huet sech virun hirer Landsfra Barbara Guarischi an der Kanadierin Maggie Coles-Lyster behaapt.
D’Christine Majerus an d’Nina Berton sinn an der nämmlechter Zäit wéi d’Gewënnerin als 37. respektiv 62. iwwer de wäisse Stréch gefuer. D’Marie Schreiber hat als 73. e Réckstand vun 13 Sekonnen.
Am General läit d’Belsch Margot Vanpachtenbeke a Féierung. Si huet eng Avance vu 4 Sekonnen op d’US-Amerikanerin Ruth Edwards. Op der drëtter Plaz huet d’Kanadierin Maggie Coles-Lyster e Réckstand vun 2 Minutten a 44 Sekonnen.
Vun de Lëtzebuergerinnen ass d’Christine Majerus am beschte placéiert. Si huet als 25. e Retard vun 2 Minutten an 48 Sekonnen. D’Nina Berton läit als 36. 3 Minutten an eng Sekonn hannert der Leaderin. Fir d’Marie Schreiber ass et den Ament déi 50. Plaz op 4 Minutten an 51 Sekonnen.
1 FIDANZA Martina CERATIZIT-WNT Pro Cycling Team 3:33:17
2 GUARISCHI Barbara Team SD Worx - Protime ,,
3 COLES-LYSTER Maggie Roland ,,
4 SWINKELS Karlijn UAE Team ADQ ,,
5 VAN ROOIJEN Sofie VolkerWessels Women’s Pro Cycling Team ,,
6 BRAND Lucinda Lidl - Trek ,,
7 JANSEN Eline VolkerWessels Women’s Pro Cycling Team ,,
8 VEENHOVEN Nienke Netherlands ,,
9 AHTOSALO Anniina Uno-X Mobility ,,
10 COLLINELLI Sofia Roland ,,
...
37 MAJERUS Christine Team SD Worx - Protime ,,
62 BERTON Nina CERATIZIT-WNT Pro Cycling Team ,,
73 SCHREIBER Marie Team SD Worx - Protime 0:13
1 VANPACHTENBEKE Margot VolkerWessels Women’s Pro Cycling Team 9:40:31
2 EDWARDS Ruth Human Powered Health 0:04
3 COLES-LYSTER Maggie Roland 2:44
4 RIEDMANN Linda Germany ,,
5 SWINKELS Karlijn UAE Team ADQ ,,
6 BREDEWOLD Mischa Team SD Worx - Protime ,,
7 LACH Marta CERATIZIT-WNT Pro Cycling Team ,,
8 CONFALONIERI Maria Giulia Uno-X Mobility ,,
9 PERKINS Flora Fenix-Deceuninck 2:48
10 CROMWELL Tiffany Canyon//SRAM Racing ,,
...
25 MAJERUS Christine Team SD Worx - Protime 2:48
36 SCHREIBER Marie Team SD Worx - Protime 3:01
50 BERTON Nina CERATIZIT-WNT Pro Cycling Team 4:51