
Op der Colline d’Elancourt zu Paräis huet sech den Thomas Pidcock an enger spannender Cross-Country-Course d’Goldmedail geséchert. De Britt war tëschenzäitlech opgrond vun engem Platten zréckgefall, krut sech doropshin awer nees no engem Retard vun 39 Sekonnen zréck un d’Spëtzt gekämpft. Um Enn ass hien no 35 Kilometer bannent 1:26:22 Stonne virum Franosus Victor Koretzky (+9 Sekonnen) an dem Alan Hatherly aus Südafrika (+11s) iwwer d’Arrivée gefuer.

LINK: Klickt Iech duerch d’Fotogalerië vun den Olympesche Spiller