Ironman op HawaiiFransous Luis neie Weltmeeschter, Drama bei de Fraen

RTL Lëtzebuerg
An der Dammecourse ass déi Féierend kuerz virun der Arrivée an d'Gette gaangen an huet d'Victoire verpasst.
De Vincent Luis leeft als Éischten iwwer d'Ligne d'arrivée vum Ironman op Hawaii.
© SEAN M. HAFFEY/Getty Images via AFP

Den Ironman op Hawaii gëllt als déi ustrengendst Course am Triathlon-Kalenner. 3,86 Kilometer Schwammen, 180,2 Kilometer Vëlofueren an 42,195 Kilometer Lafe bei immensen Temperature mussen a wëllen d'Athleeten an d'Athleetinnen hannert sech bréngen, fir sech zum Ironman-Weltmeeschter a -Weltmeeschterin ze kréinen.

De Fransous Vincent Luis war dëst Joer dee Séiersten an duerft säin éischte Weltmeeschtertitel feieren. Mat 7:47:27 Stonne war hien annerhallef Minutt méi séier wéi den Norweger Gustav Iden (7:49:03) an zwouanhallef Minutte méi séier wéi den Drëtten, den Amerikaner Matthew Marquardt (7:49:59).

Bei de Frae gouf et e richtegen Drama. D'Norwegerin Solveig Lövseth louch laang vir, ass awer annerhallwe Kilometer virun der Arrivée zesummegebrach, well hire Kierper gestreikt huet. Si gouf op der Plaz medezinesch versuergt, huet duerno awer nach déi lescht Kräfte mobiliséiert an ass d'Course mat der frenetescher Ënnerstëtzung vun de Spectateuren op en Enn gelaf. Si gouf um Enn déi Aacht.

Vu dësem kierperleche Blackout huet d'Amerikanerin Taylor Knibb profitéiert, déi sech mat engem Virsprong vun 3 Minutte virun der Däitscher Laura Philipp behaapte konnt. Fir d'Knibb war et och den éischten Titel op Hawaii, fir d'Philipp déi drëtt Medail an den drëtte Podium. Bronze goung un d'Schwäizerin Julie Derron.

D'Taylor gëtt vum Lëtzebuerger Trainer fir Leeschtungssport Dan Lorang trainéiert. Kuckt hei de Sonndesinterview mam Erfollegstrainer, deen och Athleete wéi Jan Frodeno oder Peter Sagan trainéiert huet.

Et war déi éischt Kéier zënter 2019, dass Männer a Fraen um selwechten Dag op Big Island ugetruede waren. D'Fraen waren an de leschte Joren ëmmer tëscht Hawaii an dem franséischen Nice hin an hier gependelt.

Op Hawaii dobäi war och d'Edith Van der Schilden. Kuckt hire Wee vun enger grausamer Chute zu enger Ironman-Finisherin an der Emissioun "Mäi Wee".

Back to Top
CIM LOGO