Indiaca Junior World Cup zu VeianenNowuessekippe vu Bettenduerf sammele wichteg Erfarungen

RTL Lëtzebuerg
Um Enn ass souwuel bei de Youth wéi och bei de Juniore keng Finall erausgesprongen.
© Indiaca Bettenduerf Asbl.

Zu Veianen ass den Ament den Indiaca Junior World Cup. Den Indiaca-Veräin vu Bettenduerf organiséiert dësen internationalen Tournoi, bei deem sech international Veräinsekippe matenee moossen. Vu Lëtzebuerg hu sech zwou Ekippe vu Bettenduerf fir dëse
Junior World Cup qualifizéiert. E Mëttwoch an en Donneschdeg stoung fir si d'Qualifikatioun um Programm.

Um Enn konnt sech keng vun den Ekippen aus dem Grand-Duché fir eng Finall e Freideg qualifizéieren. An der Kategorie Youth (11-14 Joer) ass bei den Hären déi 3. Plaz erausgesprongen an och am Mixed huet een déi 3. Plaz erreecht. Fir d'Youth Damme war et déi 4. Plaz. Bei de Junioren (15-18 Joer) gouf et fir d'Hären déi 4. Plaz, fir d'Dammen déi 3. Plaz an am Mixed déi 4. Plaz.

D'Nowuesspiller vum Bettenduerfer Indiaca-Veräin hu wärend den zwee Deeg hiert Bescht ginn a wäertvoll Erfarunge gesammelt.

E Freideg ginn d'Finalle gespillt.

Hei déi komplett Resultater

Junior Men Pool Results
Junior Women Pool Results
Junior Mixed Pool Results
Youth Men Pool Results
Youth Mixed Pool Results
Youth Women Pool Results

Back to Top
CIM LOGO