Et gi Käerzen ugefaangen am fréiere Minettstunnel, e Kazesprong vu Bieles ewech. Kuerz duerno lafen eng ronn 220 Leefer a Leeferinnen duerch den Tunnel Et konnt een tëschent 18, 12 oder 4,3 Kilometer wielen. All Trail huet seng eegen Identitéit. De Bielesser huet den Tunnel an de Plooschter Projet. Dëse gouf vum Yannick Lieners an d’Liewe geruff. De Lafspezialist huet selwer d’Leukemie, a gesäit nach net d’Enn vum Tunnel.
Bei der Arrivée stoung de Plooschterbus, an deem een sech als potentielle Stammzellespender konnt registréiere loossen. De Succès vum Plooschter Projet klëmmt vu Joer zu Joer, 22.000 Registréierungen sinn den aktuelle Stand . Et konnten 150 Mënsche gehollef kréien. Och vill jonk Leit goufe sensibiliséiert, duerch Campagnen an de Lycéeën oder bei Sportsmanifestatioune, wéi dem Bielesser Trail.
Den Trail iwwert déi laang Distanz gouf bei de Häre vum Erlend Ousdal a um Laura Grober bei den Damme gewonnen . D’Hallschent vun den Inscriptiounssuen gouf vum CA Bieles un de Plooschterprojet iwwerwise. D’Solidaritéit mat de Leit, déi Dag fir Dag géint de Bluttkriibs kämpfen, ass deemno zu Bieles keen eidelt Wuert.