
Zu Veianen ass dann nämlech de Junior World Cup. Wärend véier Deeg kommen Ekippen aus der ganzer Welt op Lëtzebuerg, fir sech am Nowuessberäich mat deene Beschten ze moossen. Hei zu Lëtzebuerg ginn et den Ament fënnef Indiaca-Veräiner. Zanter Jore gëtt d’Championnat vum Bettenduerfer Veräin dominéiert. Och am internationale Verglach ass de Club d’Aushängeschëld. Et verwonnert dann och net, datt de Veräin elo ee Junior World Cup organiséiert. Allerdéngs net zu Bettenduerf, mee zu Veianen. Dat huet domadder ze dinn, datt d’Infrastrukturen zu Veianen besser sinn, wéi zu Bettenduerf. Béid Gemenge schaffen awer gutt zesummen, fir datt de World Cup een Erfolleg gëtt. Nieft Ekippen aus ë.a. Däitschland a Polen, ass och Japan mat vertrueden. Et ass fir déi éischte Kéier, datt d’Land mat senger Junior-Ekipp bei engem World Cup am Ausland untrëtt.
Déi Bettenduerfer Ekippen hunn an der Vergaangenheet gewisen, datt si et fäerdeg bréngen, fir op engem World Cup mat Medailen heemzekommen. Elo hoffe si, datt wa méiglech beim eegene Tournoi eng Goldmedail erausspréngt.
De Bettenduerfer Indiaca-Veräin ass beim World Cup mat zwou Ekippe vertrueden. Eng Ekipp an der Kategorie 11-14 Joer an eng Ekipp an der Kategorie 15-18 Joer.
Et gouf dann och näischt dem Zoufall iwwerlooss. Den Training ass an de leschte Méint reegelméisseg eropgeschrauft ginn an et gouf och zu Veianen an der Hal trainéiert.
Ier et mat de Matcher richteg lass geet, ass en Dënschdeg den Owend d’Erëffnungszeremonie. Déi ass awer am Schlass. Ee bessere Kader kann ee sech wuel kaum virstellen. Déi 24 Ekippe wäerten déi Ouverture esou bal net vergiessen. E Mëttwoch geet et da mam sportlechen Deel lass. D'Qualifikatioun fänkt un a geet och nach en Donneschdeg weider. E Freideg ginn d'Finalle gespillt.
Fir een Indiaca World Cup ze organiséiere brauch een net nëmmen een Organisatiounscomité. Et gi vill Hänn op ville verschiddene Plaze gebraucht. Ouni d’Ënnerstëtzung vun de Gemenge Bettenduerf a Veianen wier et schwéier, esou een Evenement op d’Been ze stellen. Dat huet de Sebastian Lang aus dem Organisatiounscomité am RTL-Interview, nach ënnerstrach.
De Junior Indiaca World Cup ass vum 21. bis de 24. Juli.
