Et beweege sech eng 550 Leefer duerch d’Duerf. Keng Angscht, d’Kierch bleift am Duerf an de Spiderman huet net bräichten z’intervenéieren a konnt sech op d’Lafe konzentréieren. De Manuel Herren huet derfir gesuergt, dass déi grouss Zuel vu Spectateuren am Duerfkär de Leefer Plaz gemaach huet.
Den Niall Foley war d’lescht Joer neie Streckerekord gelaf. Vun engem gewëssen Ament u vermëschen déi séierst Leefer sech mat deene méi luesen. Dat huet de Maacher awer wéineg gestéiert. Eng souverän Victoire, awer kee Streckerekord, sou gesäit dem jonke Leefer säi Joresofschloss aus.

Bei den Damme gewënnt d’Anna Reiff. D’Leeferin vum Celtic Dikrech trainéiert mat de sougenannte Sauerbeen.

Fir déi meescht vun de Leefer a Leeferinnen ass de Sylvesterlaf* e sympatheschen traditionelle Rendez-vous, wou ee sech Joer fir Joer erëmgesäit.
Fannt hei déi ganz Tabell mat alle Resultater.
*Betreffend dem Numm “Sylvesterlaf”. Den Numm vun dëser Course heescht esou, dofir iwwerhuele mir den Numm, sou wéi e vum Veranstalter geschriwwe gëtt. Am Fong gëtt Silvester mat i geschriwwen am Lëtzebuergeschen. Erklärungen dozou fannt dir a follgendem Artikel: