
Eis däitsch Noperen, jo déi maache sech et einfach: Fir si ass den Dag vun haut einfach den “Zweiter Weihnachtsfeiertag”. Op d’mannst orthografesch stellt déi Bezeechnung keng gréisser Gefor duer. Am Géigesaz zu der lëtzebuergescher Bezeechnung fir den haitege Feierdag: Stiefesdag. Nieft der Aussprooch mat f héiert ee ganz dacks Stiewesdag oder souguer Stierwesdag, ma geschriwwe gëtt en awer ëmmer mat f an dat aus guddem Grond, wéi den Alexandre Ecker, Direkter vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS), erkläert: “De Stiefesdag huet näischt mam Verb stierwen ze dinn. Et ass den Dag vum Hellege Stephanus. Hien ass déi éischt Persoun, vun där iwwerliwwert ass, datt se wéinst hirem Bekenntnis zum Glawen u Christus ëmbruecht gouf. E gëllt dowéinst als éischte chrëschtleche Märtyrer.”
Den f am Wuert Stiefesdag léisst sech also etymologesch erklären, also mat der Hierkonft vum Wuert an hei steet eeben Stephan/Stefan à l’origine. Op Däitsch kann een dann och soe Fest des heiligen Stephanus oder Stephanstag, dat eisem Stiefesdag jo relativ no kënnt. A Frankräich, besonnesch an der Moselle oder am Elsass, heescht de 26. Dezember och la Saint-Étienne, Étienne ass jo de Pendant zu Stefan (woufir dann och d’Awunner vun der franséischer Stad Saint-Étienne les Stéphanois genannt ginn). Am portugiseschen Dia de Santo Estêvão erkennt een den Numm och erëm, am Géigesaz zum englesche Boxing Day, deen iwweregens näischt mam Boxsport ze dinn huet, mee mat Këschten (Boxen), mat deenen Done gesammelt goufe respektiv nach ëmmer ginn an déi deen Dag opgemaach a verdeelt ginn.
De Gibbes Bertolo, deen zanter Kuerzem an der Pensioun ass, hat sech de 26. Dezember 2021 och ewell mam Stiefesdag.
Iwwerdeems deen alen Dictionnaire, d’Luxemburger Wörterbuch, den ënnerschiddlechen Aussproochen och an der Schreifweis Rechnung dréit a Stiefesdag a Stierwesdag opgeholl huet, kennt den aktuelle Referenzdictionnaire, de Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD) vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch just Stiefesdag. D’Schreifweis, déi net ännert, erënnert un déi vum Wuert Stuff, dat säin ff och an den Zesummesetzunge Stuffendësch oder Stuffendier behält, onofhängeg vun der Aussprooch ff oder ww (also *Stuwwendësch oder *Stuwwendier, wou een dann d’Wuert Stuff net méi direkt erëmkennt, wat dann och keng orthografesch korrekt Schreifweise sinn an déi dofir och mat engem * markéiert ginn).
No de Chrëschtdeeg geet d’Joer da séier op en Enn an de leschten Dag vum Joer kënnt dann och nach emol mat enger kamësser Schreifweis oder soe mer éischter: enger orthografescher Finess geschäert. “Silvester gëtt vir effektiv mat engem i geschriwwen, wann domat den 31. Dezember oder d’Enn vum Joer gemengt ass”, seet den ZLS-Direkter Alexandre Ecker. “Hannert dem Numm stécht och hei en Hellegen, an zwar de Poopst Silvester I., deen den 31. Dezember 335 soll gestuerwe sinn.”
Iwwerdeems déi franséisch Sprooch beim y an la Saint-Sylvestre bliwwen ass, gëtt am Däitschen an am Lëtzebuergeschen ëmmer méi konsequent ënnerscheet tëscht dem Dag Silvester mat i an dem Numm Sylvester mat y, zum Beispill vum Acteur Sylvester Stallone oder der schwaarz-wäisser Kaz Sylvester am US-Comic Sylvester and Tweety.
Verhale kann ee sech déi orthografesch Nuance iwweregens gutt mam Saz: Silvester feiert een, Sylvester heescht een ... mee bei Nimm gëtt et bekanntlech weeder richteg nach falsch an d’Aussprooch ass souwisou déi selwecht.
Dofir: Egal ob mat i oder y, kommt gutt an d’neit Joer!