ÄishockeyTornado verléiert no staarkem Kampf 3:5 zu Paräis

RTL Lëtzebuerg
D'Lëtzebuerger Ekipp huet bis zum Schluss gekämpft, mee fir Punkten sollt et net duergoen.
© Tornado Lëtzebuerg / Luc Cordebar

Den Tornado Lëtzebuerg huet sech e Samschdeg den Owend zu Paräis géint eng staark verstäerkt Ekipp vun de Français Volants misse mat 3:5 geschloe ginn. Trotz der Néierlag hunn d'Lëtzebuerger eng staark Leeschtung gewisen a bis zur leschter Sekonn ëm all Puck gekämpft.

No engem fréie Réckstand konnt de Rowan Miller am zweeten Drëttel ausgläichen. Och op den nächste Paräisser Féierungstreffer hat den Tornado duerch den Dmytro Danylenko déi richteg Äntwert. Zwee séier Goler vun de Fransousen hunn awer fir e 4:2 no 40 Minutte gesuergt.

Am leschten Drëttel huet de Rowan Miller schonn no 20 Sekonnen op 3:4 verkierzt. Den Tornado huet duerno alles probéiert, fir nach den Ausgläich ze markéieren. Eréischt mat engem Gol an den eidele Filet an der allerleschter Sekonn huet Paräis de 5:3-Endstand fixéiert.

Den Trainer Christer Eriksson war trotz der Néierlag mam Asaz vu senger Ekipp zefridden. Hien huet besonnesch de Kampfgeescht ervirgehuewen an ënnerstrach, datt d'Resultat de knappe Spillverlaf net wierklech erëmspigelt.

Den nächste Rendez-vous ass e Samschdeg, de 17. Oktober, um 19:00 Auer op der Kockelscheier, wou den Tornado d'Renards d'Orléans empfänkt. Do wëllen d'Lëtzebuerger virum eegene Publikum nees Punkten huelen.

Back to Top
CIM LOGO