SprangreidenVictor Bettendorf wënnt zu London

RTL Lëtzebuerg
De Lëtzebuerger war dës Woch bei der London International Horse Show am Asaz.
© AFP (Archiv)

De Victor Bettendorf huet bei der London International Horse Show eng aussergewéinlech Woch erlieft. Schonn en Donneschdeg hat hien am Speed (1,55m) mat sengem Päerd Encore Toi du Linon gewonn. De Freiden huet de Lëtzebuerger am Cracker (1,55m) nach eng Kéier nogeluecht.

Och am Haaptsprange war de Bettendorf net ze klappen. Am Stiechen huet hie mat sengem zweete Päerd Doha de Riverland nach eng Kéier alles ginn a konnt sech och do eng Victoire sécheren. Et war säin zweete grousse Succès zu London.

Back to Top
CIM LOGO