Déi jonk Jazz-Musekerin steet nach ganz am Ufank vun hirer Carrière.

Ma bei hier stinn och elo scho reegelméisseg Concerten oder Prouwen um Programm. Donieft studéiert si momentan och nach um "Conservatoire royal de Bruxelles". E volle Programm, dee si awer gär duerchzitt an och an der Fräizäit gëtt quasi nëmme Musek gemaach. Wa se grad net komponéiert, prouft oder en Optrëtt huet, geet d'Claire Parsons selwer op Concerten oder sicht no neien Inspiratiounen. Mir begleeden d'Claire Parsons an der Artbox.

Wat leeft?!

- Luxembourg Museum Days
- Flamenco Festival @ KUFA
- "Body fictions" - European Month of Photography
- Food for your senses - Funeral Feast

VIDEO: Wat leeft?!
Expo, Theater, Konzerten, Events: den Agenda vun der Télé

D'Artbox ëmmer samschdes um 19.00 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou d'Emissioun duerno och am Replay ze fannen ass.