REPLAY: Artbox D'Luisa Bevilacqua

RTL Lëtzebuerg
D'Luisa Bevilacqua ass eng passionéiert Erzielerin.
ArtBox mam Louisa Bevilacqua
D’Luisa Bevilacqua ass eng passionéiert Erzielerin.

Si bréngt eis d’Erzielkonscht an den Objets Theater méi no. Et gi vill Facetten Geschichten z’erzielen fir déi Kleng a fir déi Grouss. Mir hunn d’Louisa Bevilacqua zu Bréissel an hei zu Lëtzebuerg bei hirer Aarbecht als Geschichten-Erzielerin begleet.

Mir waren awer och mat der Band Alfalfa am Studio, wou se un enger neier EP schafft. A mir huelen Iech mat an de MUDAM fir de Pionéier vun der minimalistescher Konscht, de Robert Morris, besser kennenzeléieren.

An 90 Sekonnen gëtt et en Abléck an den neien Danzspektakel “Shoot the Cameraman” vun der Compagnie AWA.

90 Sekonne fir "Shoot The Cameraman"
Danz am CAPe

D’Artbox um 19.00 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou d’Emissioun duerno och am Replay ze fannen ass.

Back to Top
CIM LOGO