Wéi grouss ass de Risk vun enger Eskalatioun? Ënnert anerem ëm déi Fro goung et en Donneschdeg den Owend am Kloertext op Tëlee Lëtzebuerg.

International dominéiert den Ament den EU-Ukrain Sommet, deen éischten zënter dem russeschen Iwwerfall de 24. Februar zejoert.

Wat sinn déi laangfristeg Konsequenze vum Krich? Misst net grad elo vill méi op Diplomatie gesat ginn an ass et richteg, Waffen an e Krichsgebitt ze liwweren?

Kloertext: Krich an der Ukrain / Rep. Dany Rasqué

Eng grouss Géignerin vu Waffeliwwerungen an e Krichsgebitt ass d'Nathalie Oberweis, d'Deputéiert vun déi Lénk. Bei Waffeliwwerunge géif et ëmmer e Risiko vun Eskalatioun ginn an se géifen dozou bäidroen, datt de Krich sech an d'Längt zitt.

"Et muss een sech ëmmer erëm bewosst ginn, datt Waffen a Kontradiktioun zum Fridde stinn. Deen Narrativ, dee mer haut héieren, dass mer mat de Waffen eventuell Fridden areechen, iwwerrascht mech ëmmer erëm. Dat héiere mer elo schonn ee Joer laang, mä et ass nach näischt geschitt. Mir beweegen eis ëmmer méi vun enger Chance op Fridden ewech wat mer méi Waffe liwweren."

De Raymond Becker ass Mat-Initiator vun der Friddensplattform an ënnersträicht, datt déi puer Dose Panzeren, déi mer liwweren, kee wesentlechen Ënnerscheed am Krichsverlaf maachen. Dat géifen och ranghéich Membere vum Militär soen. A sengen Aen ass eng politesch, diplomatesch Initiativ néideg.

"Ech sinn der 'felsefester' Iwwerzeegung wa mer esou intensiv iwwer diplomatesch politesch Initiative schwätzen, wéi iwwer Waffen, wiere mer vläicht schonn e Stéckelche weider. Dat soe jo ganz vill Leit."

Och d'Nathalie Oberweis bedauert, datt een näischt vun diplomateschen Efforten héiert, mä de Verdeedegungsminister François Bausch verséchert, datt et déi gëtt.

"Et gi permanent Initiative geholl. Et ass awer wichteg, datt déi Initiativen net ëmmer d'office op der Place publique diskutéiert ginn, well et geet jo och zwee Leit drëm, datt se d'Gesiicht behalen."

Fir de Verdeedegungsminister ass et d'Zil, d'Ukrain mat de Waffeliwwerungen en vue vu Friddensverhandlungen an eng staark Positioun ze bréngen.

Och wa mer Waffe liwweren, gëtt et nach esoubal kee Fridden. Dat seet de fréiere Journalist Victor Weitzel, deen ënnert dem Jacques Poos Spezialconseiller am Ausseministère war.

"Déi Tragik an där mer stiechen ass, ob d'Ukrain verléiert, ob Russland verléiert, oder ob et iergendeng Form vun Diktatfridden oder anere Fridde gëtt. Egal wéi si mer verdaamt, eng gewëssen Zäit laang mat där Menace ze liewen a mir mussen eis dorobber astellen."

Et wier wichteg de Leit dat z'erklären an d'Sakrifisser an der Gesellschaft och gerecht ze verdeelen.

Eis Invitéeën am Kloertext sinn

François Bausch

Verdeedegungsminister

déi gréng

RTL

© Eric Steichen

Nathalie Oberweis

Deputéiert

déi Lénk

RTL

© Eric Steichen

Raymond Becker

Mat-Initiator vun der Friddensplattform

2011-2017 Iechternacher Gemengerot

déi gréng

RTL

© Eric Steichen

Victor Weitzel

fréiere Journalist an haut fräien Auteur

fréiere Spezialconseiller am Ausseministère

RTL

© Eric Steichen

Kloertext leeft am Prinzip all zweeten Donneschdeg um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg - direkt nom Journal. Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay an am RTL Play nach eemol kucken oder consultéieren, respektiv kommentéieren. (Et kann awer e bëssen daueren, bis d'Emissioun no der Diffusioun komplett fir den Internet konvertéiert ass. Merci fir Äert Versteesdemech.)