D’Christine Hoffmann vum pedagogesche Bauerenhaff "A Schmatten" steet dem Tessy Ried an Äntwert an de Jean Walté schwätzt vun engem Wonner.

De Jean Walté ass ee passionéierten Hobby-Fotograf, dee virun enger Rei Joren een Autosaccident hat. Dono ass näischt méi gaangen, seng Mobilitéit war reduzéiert an duerch déi vill Péng huet hie sech ëmmer méi zeréckgezunn. Hien ass deels guer net méi aus dem Bett opgestanenen. Bis deen Dag, wou hie säi Glawen zeréckfonnt huet. Bei enger Visitt zu Lourdes huet sech dunn alles zum Bessere gedréit. Seng Péng war fort an och d’Goe war elo keng Plo méi. Den Dokteren dogéint war dat ee Rätsel a si hate keng Erklärung dofir. Viru Kuerzem du koum awer de Réckschlag mat der Diagnose Kriibs. Zanterhier hofft de Jean Walté, dass säi Glawen him op en neits Kraaft gëtt, fir och dës schwéier Krankheet ze iwwerstoen.

Christine Hoffmann ass um Haff grouss ginn. Vu klengem u war si gewinnt, mat de Béischten op d’Feld ze goen - als klengt Meedchen nach zu Fouss a spéider dunn mam Quad. Esou huet dem Christine säi Wee hat an d’Akerbauschoul gefouert, well anescht wéi hir Schwëster wousst si zimmlech fréi, dass de Betrib enges Daags iwwerholl muss ginn. Haut ass d’Christine an d’Roll vun der Bauerefra, an net d’Fra vum Bauer, era gewuess. Zesumme mat hiren dräi Kanner an hirem Mann dem Fänk féiert se de Landwirtschaftleche Betrib, deen am Joer 2005 seng Diere fir Kanner opgemaach huet an elo e pedagogesche Bauerenhaff ass. Do ginn d’Kanner geléiert, wou d’Mëllech hierkënnt a wien d’Eeër leet. Tessy freet d’Christine iwwert de Beruff, wat et heescht als Fra an der Landwirtschaft ze schaffen, a wéi hiren Alldag ausgesäit.

Mënschen a Geschichten, um 19 Auer op Tëlee Lëtzebuerg an duerno op RTL Play.