Méi RTL, dat heescht och "Méi Kultur" mat "No ART on AIR by RTL" - engem neien, labberen Talk iwwer kulturell Themen. Vun elo un all Donneschdeg.

De Vibraphone ass säin Instrument an den Jazz seng Musek, mä vrun engem Joer huet de Pascal Schumacher fir de Projet "Drops and Points" ëmgesuedelt a sech mat der Elektronik ugefrënnt. Wéi ass him dee Switch gegléckt a wat si seng nächst Projeten?

De Pascal Schumacher war dës Woch den Invité vum Jenny Fischbach.

Mat derbäi waren och d'Danièle Michels an d'Patricia Baum, déi iwwer kënschtlech Intelligenz an déi aktuell Expo am Casino schwätzen.

De labbere Kulturtalk "No Art On Air" am Café "Gudde Wëllen" an der Stad elo ëmmer donneschdes um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.