D'Erzielerin Luisa Bevilacqua
Invitée: D'Erzielerin Luisa Bevilacqua, d'Expo 100 Joer Konscht zu Stroossen an eng Theaterproduktioun mat gesellschaftspoliteschem Thema "Calimero"
Et gi vill Facetten a Manéiere fir Geschichten ze erzielen. D'Luisa Bevilacqua ass haaptberufflech Geschichten-Erzielerin – an dat fir Grouss a Kleng.
100 Joer Lëtzebuerger Konscht – am Centre Paul Barblé zu Stroossen kritt een an der neier Ausstellung en Iwwerbléck iwwer d‘Konschtschafen aus de leschten 100 Joer. D’Sandy Elsen war bis laanscht kucken.
Theater als Spigel vun der Gesellschaft: Dat interaktivt Theaterstéck Calimero setzt de Fokus op d'Roll vun de Männer an eiser Zäit - an dat gréisstendeels improviséiert.
No Art On Air aus dem Carré zu Hollerech, présenteiert vum Jenny Fischbach.
De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.