Invité: Jhemp Hoscheit, Banksy Ausstellung zu Mainz, nei Expo an der Nationalbibliothéik

Am "No Art On Air" verréit eis de Lëtzebuerger Auteur Jhemp Hoscheit méi iwwer säin neit Buch, dat d’nächst Joer wäert erauskommen a wat him den Titel vum "Mérite culturel" bedeit.

De Joël Seiller war sech eng ganz aussergewéinlech Ausstellung iwwert de bekannte Street Art Kënschtler Banksy zu Mainz ukucken.

D’Sandy Elsen schwätzt iwwert de Fonctionnement vun enger Bibliothéik a bréngt Andréck vun der neier Expo an der Nationalbibliothéik mat.

No Art On Air, aus dem Gudde Wëllen, presentéiert vum Jenny Fischbach.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.