Invitéen: Paul Bertemes vu Mediart, Diane Jodes vum Atelier Empreinte.

Et ass di siwent Editioun vun der Luxembourg Art Week a si huet sech eng ganz nei Location um Glacis ginn.

Iwwer dës nei Erfarung schwätzen d'Kënschtlerin Diane Jodes, déi den Atelier Empreinte vertrëtt, deen ee Stand am Take off huet,
an de Paul Bertemes vun der Agence Mediart, deen och vun der éischter Editioun un dobäi ass.

D'Patricia Baum huet mat den Organisateure geschwat an verréit eis, wat dëst d Joer alles anescht ass.

No Art on Air aus dem Zelt vum Glacis presentéiert vum Jenny Fischbach.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.

Impressioune vun der Art Week