Invitée: D'Larisa Faber, ausserdeem zwee aktuell däitsch Bicher an e puer Concert-Highlights vun den nächste Méint.

D'Actrice Larisa Faber schreift och selwer Theaterstécker a sicht sech dofir ëmmer nees Themen, déi e gesellschaftlechen oder aktuelle Bezuch hunn. An der Produktioun "Papercut" geet et zum Beispill ëm "d'School Leaks" aus dem Joer 2015.

De Pierre Jans stellt Bicher vu gläich zwee däitschen Auteure vir: dem Heinz Strunk an dem Florian Illies.

An d'Claudia Kollwelter bréngt e puer Concerte mat, déi an den nächste Wochen zu Lëtzebuerg programméiert sinn.

No Art On Air aus dem Gudde Wëllen presentéiert vum Jenny Fischbach.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.