D'Eileen Byrne
Invitée ass d'Zeenografin a Filmregisseurin Eileen Byrne, ausserdeem "Das blaue Sofa" an déi nei Expo am Mudam.
D’Filmregisseurin an Zeenaristin Eileen Byrne huet e ganz villfältege Background. Ier si ugefaangen, huet Filmer ze maachen, huet si Theater, Musek a Konschtgeschicht studéiert. Am No Art erzielt si méi iwwert hiren éischte grousse Kinofilm "Marianengraben", dee geschwënn hei zu Lëtzebuerg an de Kino kënnt.
D'Bea Kneip huet net just Literatur, ma och e Miwwelstéck mat am Gepäck. "Das blaue Sofa" kënnt erëm op Lëtzebuerg an d'Bea stellt der Dana Grigorcea hiert Buch "Das Gewicht eines Vogels beim Fliegen" vir.
De Joël Seiller war sech d'Ausstellung vum Cosima von Bonin an de Mudam ukucken, mam Titel "Songs for Gay Dogs".
No Art On Air aus dem Vins Fins, presentéiert vum Patricia Baum.
De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer Samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an op RTL Play, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.