Wéi d’Technologien vu Moteur a Sécherheet sech ëmmer weider entwéckelen
Et ka sou séier goen. Am Pisa teste mir wéi séier ee mam Auto d‘Kontroll verléiert. Gesi wéini ABS an Airbag erfonnt goufen a wéi clever d’Autoen an Zukunft wäerte sinn. Vläit fuere mer jo och iergendwann mat Waasserstoff. E Fuerscher zu Lëtzebuerg wëll ee Wee fannen wéi een dee Sprit och kann emweltfrëndlech produzéieren. Mat enger neier App kann een erausfannen wat méi ëmweltfrëndlech ass, Sprit oder Elektro. A mir testen op eng Autosbatterie wierklech explodéiere kann.
Hightech op véier Rieder
Wéi ABS, ESP a Co eis Autoen ëmmer méi sécher maachen
Mat Waasserstoff an Zukunft?
E Fuerscher wëll mat der Energie vun der Sonn Waasserstoff produzéieren
Elektro vs. Verbrennung
Wéi ee Moteur ass da lo besser fir d’Klima?
Reel Gefor oder Panikmaach
De Mister Science test op een eng Autosbatterie läsche kann