Wou KI eis schueden, awer och nëtze kann

Den Tom Cruise an der RTL Reunioun. En Deep Fake. Méiglech duerch kënschtlech Intelligenz. Eng Identitéit fälschen kann awer och geféierlech sinn. Fuerscher op uni.lu entwéckelen e Programm mat deem een esou Fälschungen enttarne kann. Am Lëtzebuerger Institut fir Gesondheet wëllen se mat KI Krankheeten besser diagnostizéieren. A mir kucken wéi ee mat ChatGPT op der Aarbecht Zäit spuert. D’Intelligenz vum Chatbot engem awer och Angscht maache kann. Wou Kënschtlech Intelligenz eis eventuell schueden awer och nëtze kann.

Revolutioun op der Aarbechtswelt

Wéi Chat GPT d’Aart a Weis wéi mir schaffen, verännere wäert.

Geféierleche Fake

Firwat Deep Fakes ëmmer besser ginn a wéi ee se enttarne kann.

Laang liewen duerch KI

Wéi kënschtlech Intelligenz d’Medezin revolutionéiere kéint

Fotogalerie