Op der Sich no de markante Grenzbornen tëscht der Belsch a Lëtzebuerg

Se sinn knapp dräi Meter héich an et gëtt se just laanscht zwou Grenzen op der Welt. Op engem groussen Deel vun der belsch-lëtzebuerger Grenz goufe gosse Grenzmaarken opgestallt. Am neie Pisa Summerchallenge wëllen den Olivier Catani a Mister Science déi ganz Grenz befueren an op mannst 100 vun den imposante Maarke fannen. De Gros dovun steet awer net laanscht Weeër, mee matten am Bësch oder a geféierlechen Häng. Wéini goufen d’Marken opgestallt? Wien huet d’Grenz gezunn? A firwat sinn op ville Plaze komesch Zacken dran?

Pisa Challenge Deel 1: Geheimnisvoll Grenz

Op der Sich no de markante Grenzbornen tëscht der Belsch a LëtzebuergSe sinn knapp dräi Meter héich an et gëtt se just laanscht zwou Grenzen op der Welt. Op engem groussen Deel vun der belsch-lëtzebuerger Grenz goufe gosse Grenzmaarken opgestallt. Am neie Pisa Summerchallenge wëllen den Olivier Catani a Mister Science déi ganz Grenz befueren an op mannst 100 vun den imposante Maarke fannen. De Gros dovun steet awer net laanscht Weeër, mee matten am Bësch oder a geféierlechen Häng. Wéini goufen d’Marken opgestallt? Wien huet d’Grenz gezunn? A firwat sinn op ville Plaze komesch Zacken dran?

Pisa Challenge Deel 2: Mysteriéis Grenz

Zweeten Deel vun der Sich no de markante Grenzbornen tëscht der Belsch a Lëtzebuerg190 Kilometer duerch Déck an Dënn. Op der Sich no den alen Grenzmaarken tëscht der Belsch a Lëtzebuerg.  Och am zweeten Deel vum Pisa Summerchallenge klappt villes net esou wéi et soll.

Packen mer an dräi Deeg bis ganz an den Norden op d’Schmëtt. A fanne mer wierklech alleguer d’Maarken. Mir léieren e Mann kennen dee schonn iwwer 100 Borne restauréiert huet, maachen eis am Norden op d’Sich no engem mysteriéise Tunnel bei der Grenz a gesi wéi d’Douanieren fréiere am Bësch op Schmuggler gelauert hunn. Déi spannend Final vun der Sich no de vu ville vergiessene Grenzmaarken tëscht der Belsch a Lëtzebuerg.

Fotogalerie