Loosst d'Foire Agricole 2024 nach emol Revue passéieren!
D'Foire Agricole war dëse Weekend an den Däichwisen zu Ettelbréck an an digitaler Form op RTL.lu.
Déi 41. Editioun vun der Foire Agricole zu Ettelbréck war nees a gewinnter Form. Ronn 47.000 Visiteure goufe gezielt, een neie Rekord, an et hunn eng 350 Exposanten an Organisatiounen aus der Landwirtschaft matgemaach. Och eng 500 Déiere waren derbäi.
Déi landwirtschaftlech Foire an den Däichwisen ass ëmmer méi eng Konsumente-Foire, wou en intensiven Austausch mam Verbraucher an der Gesellschaft leeft. Dat géif och d’Unerkennung vun de landwirtschaftleche Beruffer an der Gesellschaft stäerken, schreiwen d’Organisateuren.
D'Editioun 2024 stoung ënnert dem Motto "Sou schmaacht Lëtzebuerg". Komplementar zum Site an den Däichwisen konnt een dat Ganzt och nees digital suivéieren op RTL.lu an fae.lu.
D'Foire Agricole am Replay
Freideg, de 5. Juli
Samschdeg, de 6. Juli
Sonndeg, de 7. Juli
Programm vun de Livestreamen op RTL.lu
Sonndeg, de 7. Juli vun 13h00 bis 17h00
Fotoe vun der Foire Agricole zu Ettelbréck 2024
FAE Fotogalerien am Iwwerbléck
Beschte Lëtzebuerger Hobbykach
Am 4. Episod vu Gusto si mir beim Kachconcours "Beschte Lëtzebuerger Hobbykach" vun de Jongbaueren dobäi.