
Ma en Uhu gesäit ee schonn net all Dag. An dësem Fall gouf d’Déier souguer op engem vun deene meescht frequentéierten Touristeweeër an der Stad, dem Wenzel-Wee, entdeckt.
Ma leider sëtzt sech sou een Uhu net ganz fräiwëlleg op esou eng Plaz. Ee vun de Flilleke vum Déier schéngt blesséiert gewiescht ze sinn, sou datt en net fortfléie konnt. Den Uhu gouf aartgerecht vun de Mataarbechter an d’Fleegestatioun fir Wëlldéieren zu Diddeleng bruecht.
