"Fat Bear"-Concours am AlaskaWien ass deen déckste Bier 2021?

RTL Lëtzebuerg
Kann de massive Bier mat der Nummer 747 an dem Spëtznumm "Jumbo Jet" säi "Fat Bear"-Titel vun 2020 verdeedegen? Oder gewënnt d'Holly dës Saison nees?

2019 war d’Holly schonn eng Kéier zum strammste Bier geéiert ginn. Nieft deenen zwee Veterane ginn et nach zéng weider Kandidaten. Dorënner dee jonken, mockelegen “132 Spring Club” an de staarke Bier, deem säin Numm alles ausseet: den “Chunk”.

No engem kalorieräiche Summer mat décke Saumon-Moolzechten organiséiert de “Katmai-Park” am Alaska déi 7. Editioun vun der “Fat Bear Week”. Vun e Mëttwoch u kënne Bieren-Fans fir dat déckste Prachtexemplar ofstëmmen. De Gewënner gëtt nächsten Dënschdeg bekannt gemaach.

Weltwäit klickt sech de Public duerch Fotoen, déi weisen, wéi d’Kandidate virdrun an elo ausgesinn, oder kucken de Biere live beim Friessen no. Am Fréijoer sinn d’Bieren nach gouereg. Bis den Hierscht hunn se awer massiv Speck ugeluecht.

D’Park-Rangerin Naomi Boak erkläert, datt si Biere gesinn hätt, déi un engem Dag 40 Saumone gefriess hunn an dat kann een den Déieren elo ugesinn. De “747" wier einfach “gigantesch”, mä och déi aner Kandidate wieren net ze ënnerschätzen. Den “Otis” ass mat senge 25 Joer zwar deen eelsten, huet awer och kräfteg zougeluecht. Och den “Spring Club”, dee viru grad emol néng Méint mat engem hallwe Kilo op d’Welt komm ass, huet ganzer 30 Kilo bäigeholl.

Mam “Fat Bear"-Concours wëll de Park iwwer d’Ekosysteem an de Liewensraum vun deene ronn 2.000 Bieren an der Regioun informéieren an op d’Gefore fir d’Déieren opmierksam maachen. Duerch de Klimawandel war de Floss 2019 esou waarm, datt eng Zäit keng Fësch am Waasser waren.

De leschten Hierscht ass méi wéi 640.000 Mol an der “Fat Bear"-Woch ofgestëmmt ginn. Dës Kéier wäert d’Kompetitioun méi enk ginn. Scho virum Start vun der Ofstëmmung hunn d’Leit sech fir hir Favoritten ausgeschwat. Wärend der “Fat Bear Week” ginn um Site “explore.org” all Dag Biere presentéiert. No sechs Ronne stinn sech dann an der Finall nëmmen nach zwee vun den 12 Kandidate géigeniwwer. D’Rangerin huet natierlech e Favorit, wëll d’Ofstëmmung awer net beaflossen.

Back to Top
CIM LOGO