Imitatioun vum Mënsch"You bloody fool", huet déi australesch Int geflucht

RTL Lëtzebuerg
Datt verschidde Papageien an der Lag sinn, mënschlech Lauter ze imitéieren, ass bekannt. Ma wéi et schéngt, si Moschusinten och Sproochtalenter.
© AFP

Déi australesch Moschusint Ripper ass ee besonnesche Vull. Offensichtlech ass d’Int an der Lag, mënschlech Téin ze léieren an ze imitéieren.

Am Video, deen d’Zeitung “New Scientist” op hirem Youtube-Kanal publizéiert huet, kann een héieren, wéi d’Int verschidde Lauter imitéiert: d’Geräisch, déi d’Dier vum Vullenhaische mécht an d’Fluche vu sengem Fleeger. Vun der 28. Sekonn u kann een de Saz “You bloody fool” aus dem Schniewel héieren, op Lëtzebuergesch heescht dat esou vill wéi “Du blöden Idiot”.

Datt verschidde Vulle Lauter léiere kënnen, ass net nëmme kuriéis, mä och interessant fir d’Wëssenschaft. De Ripper géif de Beweis liwweren, datt och aner Vullenaarte Lauter nomaache kënnen. De Biolog Carel ten Cate war faszinéiert, wéi hie vun der Int héieren huet, déi schwätze kann, an huet dunn nom Wëssenschaftler Peter J. Fullagar gesicht. De Fullagar huet de Ripper vun Hand groussgezunn an hat de Phenomen scho virun 30 Joer bemierkt.

Moschusinte kommen nëmmen an Australien vir a léieren eigentlech vun hire Komerode päifen. De Ripper ass awer 1983 an enger Opfangstatioun an engem australeschen Naturreservat grouss ginn. A sengen éischte véier Joer huet hien, wéi et schéngt, d’Téin an d’Wierder aus senger Ëmgéigend geléiert.

Back to Top
CIM LOGO