
An Indien liewe ronn 75% vun allen Tigere weltwäit. Virun 2 Joer hat d’Regierung fir d’Joer 2018 eng Tiger-Populatioun vun 2.967 gemellt. Eng däitlech Hausse par rapport zum Joer 2006, do waren et der 1.411. De Premierminister Narendra Modi hat deemools vun engem historeschen Erfolleg geschwat.
Allerdéngs sinn dëst Joer 126 där Déiere gestuerwen. En neien traurege Rekord zanter dem Ufank vun der Zielung am Joer 2012.
Wéi et vun NTCA heescht, waren “natierlech Ursaachen” déi heefegst Doudesursaach bei Tigere bannent de leschten 10 Joer. Vill vun hinne sinn awer och Braconnieren zum Affer gefall oder sinn duerch “Konflikter” mat Mënschen ëm d’Liewe komm.
Zanter Joerzéngten huelen d’Mënschen an Indien den Tigeren ëmmer méi Liewensraum fort. Tëscht 2014 an 2019 si bal 225 Leit duerch Tigerugrëff gestuerwen.