
Bei den Neigebuerenen handelt et sech ëm e Weibchen aus der “Humba-Famill” an e Männchen aus der “Wilungula-Famill”.
Déiereschützer beméie sech zanter Joerzéngten, d’Bergorillae virum Ausstierwen ze retten. Dobäi hu si zulescht enorm Progrèse gemaach: 1981 gouf et am Virunga-Nationalpark just 58 där Gorillaen, elo sinn et der schätzungsweis 350.
De Virunga ass den eelsten Nationalpark an Afrika a gehéiert zum Weltkulturierwen. De Park gëllt als den aarteräichste vum Kontinent an en ass virun allem fir seng Berggorillaen bekannt. Dës Mënschenafe liewe just nach an 3 Länner, nieft der Demokratescher Republik Kongo, an Uganda a Ruanda. D’nächst Joer soll eng offiziell Zielung gemaach ginn.